Hamas confirméiertFräiloossung vun israeelesche Geisele fänkt e Méindeg un

RTL Lëtzebuerg
En héichrangege Member vun der Hamas huet confirméiert, dass een e Méindeg domadder wäert ufänken, déi israeelesch Geisele fräizeloossen.
Den Osama Hamdan gëllt als ee vun de wichtegsten Negociateure vun der Hamas.
Den Osama Hamdan gëllt als ee vun de wichtegsten Negociateure vun der Hamas.
© TOSHIYUKI FUKUSHIMA / YOMIURI / THE YOMIURI SHIMBUN VIA AFP

“Entspriechend dem ënnerschriwwenen Ofkommes, soll de Gefaangenenaustausch e Méindeg ufänken an et gëtt an dëser Saach keng nei Entwécklungen”, sot den Hamas-Negociateur Osama Hamdan géigeniwwer engem Reporter vun der Noriichtenagence AFP. Wéi genee d’Fräiloossung soll um Terrain oflafen, wier awer nach net kloer.

Och e Spriecher vun der israeelescher Regierung huet matgedeelt, datt déi 20 nach lieweg Geiselen e Méindeg solle fräikommen. Op israeelescher Säit géing een dovunner ausgoen, datt se alleguer matenee géinge fräigelooss ginn.

Nodeems d’Geiselen da fräigelooss sinn, soll Israel knapps 2.000 palästinensesch Prisonéier fräiloossen. Iwwer déi genee Zuel géing een aktuell nach verhandelen.

D’Fräiloossung vun de Geiselen ass domat fir deen Dag ugesat, op deem den US-President Trump fir e Sommet iwwer d’Ëmsetzung vu sengem Friddensplang fir den Noen Oste wäert an Ägypte reesen. Wéi de Büro vum ägyptesche President al-Sisi confirméiert huet, wäert de Sommet e Méindegnomëtteg zu Scharm el-Scheich stattfannen. Weider heescht et, dass Staats- a Regierungscheffen aus iwwer 20 Länner un dësem wäerten deelhuelen. Nieft dem Donald Trump ginn ënner anerem den däitsche Kanzler Merz, de franséische President Macron, déi italieenesch Premierministesch Meloni, de spuenesche Premier Sánchez an de brittesche Premier Starmer erwaart. Och de Generalsekretär vun de Vereenen Natioune Guterres soll present sinn.

Back to Top
CIM LOGO