
Et géif “vill Froen” un de fréiere President Bill Clinton ginn, esou de Virsëtzende vun der Opsiichtskommissioun, de Republikaner James Comer, e Freideg. D’Demokraten an der Kommissioun kritiséieren, “de falsche President” géif befrot ginn.
De fréieren US-President Bill Clinton huet eng Verwécklung an de Skandal ëm de verstuerwenen US-Sexualverbriecher Jeffrey Epstein bestridden. “Ech hunn näischt gesinn an ech hunn näischt falsch gemaach”, esou de Clinton e Freideg zu Chappaqua am Bundesstaat New York virun de Membere vum Kongress. Hie wéilt hëllefen, d’Wourecht ze fannen, well kee géif iwwert dem Gesetz stoen - “virun allem Presidenten net”, huet de Bill Clinton op der Plattform X an engem Statement matgedeelt.
Säin Degoût fir d’Verbrieche vum Epstein huet de Clinton mat senger eegener Liewensgeschicht begrënnt: “Als een, deen an engem Haushalt mat haislecher Gewalt opgewuess ass, wier ech net just ni a säi Fliger geklommen, wann ech och just e Soupçon gehat hätt, vun deem war hie gemaach huet - ech hätt selwer Plainte gemaach a fir Gerechtegkeet am Kader vu senge Verbrieche geruff, an net no faulen Deals.” De Bill Clinton hat schonn an der Vergaangenheet iwwert säi gewalttätegen an alkoholofhängege Stéifpapp geschwat.
Dem Clinton seng Fra Hillary hat en Donneschdeg bei hirer Unhéierung gefuerdert, de President Donald Trump wéinst senge Verbindungen zum Epstein virun d’Kommissioun ze bréngen. Dat hunn d’Republikaner an der Kommissioun vum Representantenhaus ofgeleent. Si fuerderen amplaz eng Opklärung iwwert d’Roll vum 79 Joer ale Bill Clinton, dee vun 1993 bis 2001 President war.
Vill Fotoen aus de rezent publizéierten Epstein-Dokumenter weisen den Demokrat. Op engem Bild läit de Bill Clinton an engem Whirlpool, an enger anerer Foto schwëmmt hien nieft enger Fra mat donkelen Hoer, méiglecherweis dem Epstein seng Komplizin Ghislaine Maxwell.
De fréiere President huet zouginn, Ufank vun den 200er Joren e puer Mol am Epstein sengem Privat-Fliger matgereest ze sinn. Dat wier allerdéngs am Zesummenhang mat der Aarbecht fir seng humanitär Stëftung gewiescht. De Virsëtzende vun der Kommissioun, de Republikaner Comer, sot dogéint, den Epstein hätt an der Presidence vum Clinton 17 Mol dat Wäisst Haus besicht. De Bill Clinton wier iwwerdeems “op d’mannst 27 Mol” mat dem Finanzberoder sengem Privatjet geflunn. Dat géif weider Froen opwerfen.