Invité vun der Redaktioun (27. Februar) - Serge AllardKannerdoktere gesinn ëmmer méi Kanner mat Verhalensopfällegkeeten

Claude Zeimetz
E Freideg de Moie waren d'Gefore vum Ecran fir Kanner Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Serge Allard
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

“Et gëtt ëmmer méi schlëmm. Mir ginn all Dag mat Kanner konfrontéiert, déi vum Léierpersonal wéinst Verhalensopfällegkeete bei eis geschéckt ginn”, sot e Freideg de Moien de President vun de Lëtzebuerger Kannerdokteren Serge Allard bei eis op der Antenn. Ob dat duerch en ze fréien an exzessive Gebrauch vun Ecranen wier, wier zwar schwéier soen. Fakt ass, et géif zouhuelen. An d’Ecranen “droen awer sécher e groussen Deel vun der Schold”, sou de Serge Allard. D’Kannerdokteren ënnerstëtzen an deem Sënn och kloer d’Politik fir a Richtung Social-Media-Verbuet fir Jonker ze goen. Et kristalliséiert sech jo ëmmer méi raus, datt Lëtzebuerg op dee Wee goe wäert. Dat ass och en Donneschdeg nach emol am Kloertext op der Tëlee kloer ginn.

Bis dräi Joer guer keen Ecran

Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher (Okaju) Charel Schmit hat sech am Kontext vum leschte Joresrapport duerfir staark gemaach, Ecrane misste fir kleng Kanner bis dräi Joer komplett verbuede ginn. “Dat wier eng ganz raisonnabel Grenz”, sot de Pediater. Kleng Kanner bräichten Interaktioun mat anere Mënschen fir sech entwéckelen ze kënnen. Duerfir sollten d’Elteren och den Handy op d’Säit leeë wa se Zäit mat hire Kanner verbréngen, fir datt se och wierklech present sinn a fir wierklech mat de Kanner a Kontakt ze goen. Mat engem Ecran dertëscht gëtt dat näischt. Duerfir géif een och haut vill Kanner hunn, déi Problemer mat der Sprooch hunn.

“Mir hu Krämpes, nach iergend ee Pedopsychiater ze fannen”

De President vum Cercle vun de Kannerdokteren huet e Freideg de Moie confirméiert, datt et en akute Manktem u Psychiateren a virun allem spezialiséierte Psychiatere fir Kanner gëtt. Och d’Kannerdoktere selwer hätten, wéinst deem “Fachkräftemangel”, Schwieregkeete fir Patienten un Spezialisten iwwerwisen ze kréien.

Do wier et doudsécher dee verkéierte Wee, fir elo d’Gehälter vun den Dokteren anzefréieren, sou wéi et am Kontext vun der “valeur lettre-clé” geschitt ass, sou den Dokter Allard. An dat mat “haarsträubenden Argumenter”. Mat deem Geschéck géif ee sécher net méi Psychiateren op Lëtzebuerg lackelen. De Santésministère misst endlech dës Beruffer adequat valoriséieren, sou eisen Invité.

Nach vill Sputt no uewe bei der Grippeimpfung fir Kanner

Zanter Oktober ass d’Grippeimpfung fir all Kanner bis 17 Joer hei zu Lëtzebuerg recommandéiert a gëtt och rembourséiert. De Conseil supérieur des maladies infectueuses hat seng Richtlinnen de 15. Oktober kuerz virum Optakt vun der Impfcampagne aktualiséiert. D’Kannerdoktere wieren dorobber gesprongen an hätte probéiert, d’Leit sou vill wéi méiglech z’iwwerzeegen. Do géif nach vill Sputt no uewe bleiwen. Gripp kann och fir Jonker geféierlech ginn. Den Dokter Serge Allard huet drun erënnert, datt an der Grippesaison 2023-2024 zwee gesond Jugendlecher, ouni iergend eng Virerkrankungen, vun 10 an 12 Joer un der Gripp gestuerwe sinn. Fir den nächste Wanter soll zu Lëtzebuerg de Grippevaccin fir d’Kanner a Form vun Nuesspray disponibel sinn. Dee wier souguer nach méi effikass wéi deen an der Sprëtz, huet de Pediater erkläert.

Neigebuerenescreening op siwe Krankheeten ausgebaut

Uganks des Joers huet d’Santé matgedeelt, datt de sougenannten Neigebuerenescreening ëm eng weider rar genetesch Krankheet ausgebaut gëtt. Zanter dem 1. Januar ginn all d’Puppelcher kuerz no der Gebuert an der Maternité via Blutttest elo och op se sougenannten SCID (déficit immunitaire combiné sévère) gescreent. Frankräich erfaasst ganzer 16 Krankheete beim Neigebuerenescreening. Dem Dokter Allard no géife mer eis zu Lëtzebuerg just op déi Krankheeten limitéieren, déi mer och traitéiere kënnen. Et kéint een 150 Krankheeten detektéieren, wann ee wéilt, seet de President vun de Kannerdokteren. Mä detektéieren fir ze detektéieren a kee Suivi bidde kënnen, domadder wier kengem gehollef. E Samschdeg ass den internationalen Dag vun de rare Krankheeten.

Invité vun der Redaktioun: Serge Allard, President vun de Kannerdokteren

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO