Et wier bekannt, dass d’Jugendpsychiatrie misst ausgebaut ginn an et géing een d’Suerge vum Parquet verstoen, sot d’Gesondheetsministesch Martine Deprez als Reaktioun op e Communiqué vum Parquet en Donneschdeg. D’Justiz hat d’Prise en charge vu Jugendleche mat psychiatresche Problemer kritiséiert. Et géing u Plazen an néidegem Encadrement feelen.
D’Gesondheetsministesch huet e Freiden op RTL-Nofro gemengt, dass och e Manktem u Kommunikatioun mat der Justiz Ausléiser fir de Communiqué gewiescht wier. Et wier een nämlech aktuell dobäi, mam Educatiounsministère u Strukturen ze schaffen, déi tëscht der stationärer an der ambulanter Behandlung vu Jugendleche stinn. Hei kéimen di Jonk hin, wa si gesondheetlech stabil sinn, mee nach net prett fir Heem, well den Environnement méiglecherweis Deel vum Problem wier. Et wéilt een d’Justiz elo méi an dës Planifikatioun abauen, sot d’Ministesch nach. Bei dëse Strukture géing et sech och ëm déi forensesch Strukturen handelen, vun deenen d’Procureure génégral d’etat adjoint Simone Flammang en Donneschden am RTL-Interview geschwat huet. Hei sollen ënner anerem jugendlech Stroftäter mat psychiatresche Problematiken hikommen, wann se aus enger zouener Institutioun wéi der Unisec erauskéimen.
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet en Donneschdeg den Owend an der RTL-Emissioun Kloertext gesot, dass ee sech misst froen, “ob ee sech net misst méi där Saach unhuelen, fir adequat Offeren ze schafen”. D’Schoul géif gären als Spigelbild vun der Gesellschaft bezeechent ginn: “Wann d’Gewaltbereetschaft an der Gesellschaft klëmmt, bei den Erwuessene klëmmt, dann ass dat och bei deene Jonken de Fall”, sou de Claude Meisch weider.
Am Kontext vu rezenten Tëschefäll a Schoulen, wéi an enger Schoul am Oste vum Land oder e Mëttwoch am Lycée Michel Lucius, wou eng Schülerin eng aner mat engem Messer verwonnt hat, leet den Educatiounsminister de Fanger an d’Wonn: “Mir mierken, datt mer hei e Besoin hunn, an dat ass an der Jugendpsychiatrie.” D’mental Gesondheet vun deene Jonke war dann och e wichtege Sujet an der Kloertext-Emissioun: Et géif Handlungsbedarf bestoen, esou den allgemenge Constat.
D’Gesondheetsministesch huet och nach drop higewisen, dass et zur Zäit géing Onkloerheeten am Gesetz ginn, wéini e Placement judiciare soll gesprach ginn, a wéini d’Justiz gären hätt, dass eng Struktur do ass, wou Jugendlecher ouni juristesch Decisioun suivéiert ginn. Et wier een awer dobäi, dës Onkloerheet iwwer d’Jugendgesetz ofzeschafen.
Als Justizautoritéiten hätt een d’Politik schonn op d’Problematik vun der feelender psychiatresch Prise en charge vu Jonken higewisen, huet d’Procureur général d’état adjoint Simone Flammang ënnerstrach. Ma et hätt een awer net d’Gefill gehat, esou seriö geholl ze ginn, wéi et misst sinn. Dofir hätt een deen Hëllefruff a Form vum Communiqué gemaach. Et géing fir verschidde concernéiert Jonker Méint bis Joren daueren, bis se eng Plaz kriten.
D’Ministesch Martine Deprez seet, bei der Kritik vun der Justiz géing et sech ëm eng Kritik handelen, déi schonn zanter Jore bekannt wier. Kloer wier, dass misst an der Jugendpsychiatrie ausgebaut ginn. Wei laang et awer elo dauere wäert, bis et hei am Land esou Tëschestrukturen tëscht stationärer an ambulanter Behandlung ginn, konnt si net soen. Si geet awer dovunner aus, dass een an den nächsten zwee Joer op d’mannst eng bis zwou esou Strukture kéint opmaachen. Weider huet si awer drop higewisen, dass et deels schwéier wier, déi néideg Lokalitéiten ze fannen. “De Staat ass och net ëmmer deen, deen direkt déi Haiser kafe geet. Also do feelt et och heiansdo u Ressourcen”, ënnersträicht d’Ministesch.
Den nächste Schratt hannert der Struktur ass dann deen, fir Fachpersonal ze fannen. Hei weist si dorop hin, dass een dobäi wier, op der Uni eng nei Formatioun an der Jugendpsychiatrie opzebauen.