
Wéi d’Police e Freidegnomëtteg matdeelt, wier een um Ufank dovun ausgaangen, dass et sech ëm e Fall vun Homejacking géing handelen. Ma dem aktuelle Stand vun der Enquête no géif et sech éischter ëm en normalen Déifstall handelen. Et hätt sech erausgestallt, dass eng Persoun, déi um Ufank als Affer consideréiert gouf, eigentlech um Déifstall bedeelegt war.
Deemno wier et e Méindegmëtteg géint 12.45 Auer zum Déifstall komm, bei deem Liederwueren a Bijouen an engem Wäert vun Honnertdausenden Euro geklaut goufen.
D’Auteure vun der Dot konnten no der Dot flüchten. D’Police konnt awer am Kader vun enger Enquête fënnef presuméiert Täter identifizéiert, vun deenen der véier an Untersuchungshaft koumen. Déi fënneft gouf am Kader vun der Enquête gehéiert.
Bei fënnef Perquisitiounen wieren nieft engem groussen Deel vun der Beute och eng Pistoul an Droge séchergestallt ginn