Massegriewer ronderëm mexikanesche WM-Stadion500 Säck mat mënschlechen Iwwerreschter ausgegruewen

RTL Lëtzebuerg
Ronderëm den Akron-Stadion zu Guadalajara sinn Honnerte Säck mat mënschleche Kierperdeeler ausgegruewe ginn. D'Decouverte gehäit en hellt Liicht op d'Vermësstekris a Mexiko.
Ronderëm dëse Stadion sinn Honnerte Säck mat Läichendeeler fonnt ginn
Ronderëm dëse Stadion sinn Honnerte Säck mat Läichendeeler fonnt ginn
© STRINGER/Anadolu via AFP

Am Akron-Stadion zu Zapopan, dat an der Agglomeratioun vu Guadalajara läit, si véier Matcher vun der WM-Virronn geplangt. Am Ëmkrees vu 16 Kilometer ronderëm dee Stadion si 16 geheim Griewer entdeckt ginn. Déi éischt Decouverten haten Aarbechter gemaach, déi zu Las Agujas eng Wunnsidlung gebaut hunn. Der spuenescher Zeitung El Pais no wiere si op Plastikstute gestouss, an deene Schanken a Läichendeeler dra waren.

Entretemps si lokal Sichaktiounen amgaangen. Si hu weider Griewer entdeckt, sou dass ee mëttlerweil bei méi wéi 500 Säck mat mënschlechen Iwwerreschter wier. Zanterhier hätte vill Leit ugefaangen ze gruewen, an der Hoffnung, vermësste Familljememberen erëmzefannen an domat Gewëssheet vun hirem Doud ze kréien.

Regierung garantéiert Sécherheet vu Futtballfans

D’Regierung vum concernéierte Bundesstaat Jalisco versicht dogéint, Optimismus ze verbreeden. Si hätte bei der Opklärung vu Verbriechen a Vermësstemeldungen 61 Prozent vun de Fäll kënne léisen. Offiziellen Zuelen no wieren awer eleng d’lescht Joer bal 2.500 nei Vermësstemeldunge konstatéiert ginn - de véierthéchste Wäert a ganz Mexiko.

Trotz de Bandekricher an Drogekriminalitéit kréien d’Fans a Mexiko vun der Staatscheffin Claudia Sheinbaum eng sécher Futtball-WM versprach. Et géif “kee Risiko” bestoen an d’Fans hätte “voll Garantien”. Och de FIFA-Chef Gianni Infantino seet, et wier “alles roueg a gutt” a versprécht eng “spektakulär” WM an den USA, Kanada a Mexiko. Déi portugisesch Futtballfederatioun huet awer scho Bedenke geäussert, fir Enn Mäerz zu Mexiko-Stad e Frëndschaftsmatch ze spillen.

Back to Top
CIM LOGO