
Däitsch Wëssenschaftler hunn elo matgedeelt, dass se d’Ursaach fonnt hu fir d’Thrombosen, déi no der Injektioun mam AstraZeneca- an Johnson&Johnson-Vaccin entstane sinn. De Problem kéint relativ séier an einfach geléist ginn, sou heescht et weider.
De Professer Rolf Marschalek vun der Goethe Universität zu Frankfurt, wou de Problem zanter Mäerz analyséiert gëtt, erkläert, et géing um Adenovirus-Vecteur leien, dee béid Impfstoffer benotzen, fir déi genetesch Instruktiounen iwwer de sougenannte Spike-Protein vum Sars-Cov-2-Virus an de Kierper ze kréien. D’Wëssenschaftler missten elo d’Gen-Sequenzéierung fir de Spike-Protein änneren. Dat dierft keng gréisser Schwieregkeet sinn, sou de Marschalek.
Duerch dës rar Niewewierkung gouf a verschiddene Länner d’Impfe mam AstraZeneca a mam Johnson deelweis oder souguer ganz gestoppt. Och hei am Land gouf d’Impfe mat AstraZeneca e puer Deeg gestoppt, dunn awer nees lancéiert. Verschidde Wëssenschaftler warnen awer, dass dës Theorie eng vun ville wär an dass et nach weider Beweiser bräicht, fir definitiv kënnen ze confirméieren, dass d’Ursaach fir déi rar Thrombose fonnt gouf.
