De presuméierten Täter vun 18 Joer, dee virdrun eng Tankstell iwwerfall hat an de Beamte mat sengem Kolleeg senger Déngschtwaff erschoss hat, sëtzt wéinst Mordverdacht zanter hir an Untersuchungshaft.
Viru knapp enger Woch war zu Saarlouis d’Begriefnis gewiescht. Op béide Plaze war d’Undeelnam grouss.
Déi saarlännesch Ministerpresidentin Anke Rehlinger huet un der Zeremonie deelgeholl, geneesou de Landesinnenminister Reinhold Jost an de Bundesinnenminister Alexander Dobrindt. Och dobäi war de lëtzebuergeschen Innen- a Policeminister Léon Gloden.

Asaz wéinst Iwwerfall op Tankstell: Polizist stierft no Schëss zu Völklingen (D)