Polizist stierft no Schëss zu Völklingen (D)

© Gianni Gattus / DPA via AFP
No engem Iwwerfall op eng Tankstell zu Völklingen am Saarland ass e Polizist duerch Schëss ëm d'Liewe komm.
Deemno hätten zwee Polizisten den Täter zu Fouss verfollegt, wéi et bei der versichter Festnam zu engem "Gerangel" koum, bei deem den Täter engem Beamten d'Schosswaff ewech konnt huelen an e puer Mol op d'Poliziste geschoss huet. Dobäi wier ee Polizist liewensgeféierlech blesséiert ginn, wéi et vun engem Policespriecher en Donneschdeg den Owend heescht.
Och den Täter wier beim Schosswiessel getraff ginn. D'Situatioun wier ënner Kontroll an de Verdächtege festgeholl.
Wéi d'Saarbrücker Zeitung schreift, wier den 28 Joer ale Polizist hiren Informatiounen no gestuerwen. D'Zeitung schreift, datt de Verdächtegen um fréien Owend eng Tankstell bei der Karolinger Bréck iwwerfall hätt. Dem Policespriecher Falk Hasenberg no wier den Täter arméiert gewiescht. Nodeems d'Police iwwer den Iwwerfall alarméiert gi war, hunn zwee Beamten de Mann zu Fouss verfollegt a konnten hie stellen.