Flamen ënner KontrollGréissert Feier beim Collège Théodore Monod zu Villerupt gemellt
E Mëttwoch de Moien ass et zu engem grousse Brand zu Villerupt komm, bei deem iwwer 40 Pompjeeën am Asaz waren, fir d'Flamen ënner Kontroll ze bréngen.
Les explications de Yannick Petrement, commandant des opérations de secours (SDIS 54)
Les pompiers ont été déployés à Villerupt ce mercredi matin. Un incendie s’est déclaré sur un bâtiment situé à quelques dizaines de mètres du collège.
E gréissert Feier ass e Mëttwoch beim Collège Théodore Monod zu Villerupt ausgebrach. Wéi et heescht wieren déi éischt Flamen aus dem Daach vun engem Gebai komm, wat fréier eng Autosgarage war, ongeféier 100 Meter vum Collège ewech.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Am Ganze goufen iwwer 40 Pompjeeë mobiliséiert. Zwee grouss Gefierer mat Leedere goufen agesat, fir op den Daach ze kommen, och wann dëse praktesch komplett zerstéiert gouf.
De Brand wier ënner Kontroll, mee nach net aus, wéi lokal Medien am fréie Mëttwochnomëtteg gemellt hunn. Am Moment konzentréiere sech d’Pompjeeën duerfir drop, datt sech d’Feier net op d’Gebaier niewendrun ausbreet.