Massive ReenIwwer 2,6 Millioune Mënschen an Thailand vun Héichwaasser betraff

RTL Lëtzebuerg
Wéi et vun offizielle Säiten heescht, sollen 22 Persounen duerch d'Héichwaasser ëm d'Liewe komm sinn.
© CHANAKARN LAOSARAKHAM/AFP

An der Tëscht sinn iwwer 2,6 Millioune Mënschen vum uergen Héichwaasser an Thailand betraff. Massive Reen hat Iwwerschwemmungen a Bullislawine provozéiert. Op mannst 22 Mënsche koumen ëm d'Liewen.

Den Ament reent et zwar manner, ma d'Peegele wäerten awer weider klammen, wëll nach Waasser vun de Bierger an Däller erofleeft den Ament.

Back to Top
CIM LOGO