Zu AntalyaIwwer 7.000 Leit bei Protester géint COP31

RTL mat AFP
Dausende Leit sinn e Samschdeg géint d'UN-Klimakonferenz op d'Strooss gaangen. Hir Stëmme géingen net gehéiert ginn.
Zu Antalya si ronn 7.000 Leit op d'Stroosse gaange fir ze protestéieren.
Zu Antalya si ronn 7.000 Leit op d'Stroosse gaange fir ze protestéieren.
© OZAN KOSE/AFP

Zu Antalya hunn e Samschdeg gutt 7.000 Leit géint d'UN-Klimakonferenz protestéiert, déi aktuell do ofgehale gëtt. Déi tierkesch Police huet dee Chiffer genannt. D'Demonstratioun huet de sougenannte People's Climat Summit agelaut, deen ONGen, Klimaaktivisten an aner Vertrieder vun der Zivilgesellschaft parallel zur COP31 organiséiert hunn.

D'Organisateure vun der Demonstratioun geheien de Membere vun der Klimakonferenz vir, d'Besoine vun de Leit a Länner, déi am stäerkste vum Klimawandel betraff sinn, z'ignoréieren. Hir Stëmme géifen ni bei enger COP gehéiert ginn, sou d'Aktivisten.

Back to Top
CIM LOGO