Un Holland ausgeliwwertJonke vun 13 Joer zu Hamburg festgeholl, hie soll en Optragsmäerder sinn

RTL Lëtzebuerg
Zu Hamburg huet d'Police e Kand vun 13 Joer festgeholl, deen den Optrag krut, eng Persoun ëmzebréngen.
© ALEXANDER POHL NurPhoto NurPhoto via AFP

Nëmmen 13 Joer huet de Jong, dee am Juni an Däitschland festgeholl gouf. Op Grondlag vun Ermëttlungen geet de Parquet dovun aus, dass d'Kand virun der Festnam den Optrag krut", eng Persoun zu Hamburg ëmzebréngen. Dat huet eng Porte-parole vun den zoustännegen Autoritéiten en Donneschdeg matgedeelt. De Jong kéim aus Holland a war am Quartier St. Pauli vun der Police gefaasst ginn.

De Jong wier antëscht um d'hollännesch Autoritéiten ausgeliwwert ginn. An Däitschland si Kanner ënner 14 Joer net strofmündeg a kënnen deemno och net bestrooft ginn. An Holland läit d'Grenz vun der Responsabilité pénale bei nëmmen 12 Joer.

Den Hamburger Parquet ermëttelt wéinst dem Verdacht op versichten Ustëftung zu engem Mord géint Onbekannt. Wéi d'Porte-parole weider erkläert, géif et Hiweiser ginn, wien d'Affer hätt solle sinn. Zum Schutz vun den aktiven Ermëttlungen kéint een den Ament awer keng weider Informatiounen verëffentlechen.

Back to Top
CIM LOGO