
Mam Bléck op d'Percée vun hirer Partei a Sachsen-Anhalt sot d'AfD-Politikerin, datt d'Leit definitiv e Politikwiessel wéilten a kee "weiter so".
De Kanzler Merz huet op dës schaarf Kriticken natierlech reagéiert a sengersäits d'Konzept vun der Remigratioun als "ethnesch Botz no Krittäre vun der Hautfaarf an den Originne" bezeechent. Am Kanzler sengen Aen ass d'AfD eng destruktiv politesch Kraaft, déi d'demokratesch Institutioune veruechte géif a permanent géif d'Vertrieder vum Staat perséinlech diffaméieren. E weidere Reproche vum Friedrich Merz un d'AfD ass deen, datt d'Partei mat hiren Affinitéite fir d'russesch Politik géif den däitschen Interesse schueden.
D'AfD wier en Deel vum Probleem, deen et an Däitschland géif ginn - de Wee vun dëser rietsextremer Partei wier sécher net deen, deen d'Majoritéit vun den Däitsche wéilt matgoen.
Wéinst de villen Tëscheriff an dem Kaméidi vun den AfD-Politiker huet d'Parlamentspräsidentin Julia Klöckner iwwerdeems dermat gedreet, d'komplett Fraktioun aus dem Sall ze geheien.