Europäesch SécherheetPresident Macron wëll Zuel vu franséischen Atom-Sprengkäpp erhéijen

RTL Lëtzebuerg
Frankräich huet e Méindeg de Mëtteg seng Pläng iwwert déi zukünfteg atomar Ofschreckung virgestallt. De President Macron huet dofir op der Basis vun de franséischen Atom-U-Booter no bei Brest eng Grondsaz-Ried gehalen.
De franséische President bei enger Defense-Reunioun zu Paräis am Februar 2026.
De franséische President bei enger Defense-Reunioun zu Paräis am Februar 2026.
© ANNA KURTH/AFP

“Ech hunn ordonéiert, d’Zuel vun den Atom-Sprengkäpp an eisem Arsenal z’erhéijen”, sou de Macron op der Basis Île Longue. Eng genee Zuel wäert een awer net verëffentlechen. “Fir fräi ze sinn, muss ee gefaart ginn”, sou de franséische President a senger Ried, dee gläichzäiteg betount huet, et wéilt een net an “Oprëschtungscourse” eraklammen. Dat wier nimools déi franséisch Doktrinn gewiescht.

Frankräich ass am Moment déi eenzeg EU-Natioun, déi Atomwaffen huet. Schonn op der Sécherheetskonferenz zu München haten de Friedrich Merz an den Emmanuel Macron iwwert eng gemeinsam Strategie geschwat, déi elo soll verdéift ginn. Deementspriechend sinn e Méindeg och atomar Militärübunge mat Däitschland ugekënngt ginn.

Frankräich hat sech leschte Summer schonn zesumme mat Groussbritannien op eng enk Koordinatioun a Saachen nuklearer Ofschreckung gëeenegt. Rieds geet vun enger Zort Schutz-Präbbeli, fir de Fall, dass ee géif ugegraff ginn.

Back to Top
CIM LOGO