
Vun e Freideg de Mëtteg u bis e Méindeg de Moien dierfen déi 2,8 Milliounen Awunner d’Géigend ëm Lissabon just nach mat engem valabele Grond verloossen. Auslänner dierfe just nach an Ausnamefäll areesen. Portugal huet en Donneschdeg 1.530 nei Fäll a 24 Stonnen registréiert, sou vill wéi zanter Februar net méi.