
Am “Yorkshire Wildlife Park” am Norde vun England ass e Mann vun engem Tiger attackéiert an déidlech blesséiert ginn, nodeems hien an de Beräich, an deem d'Déier lieft, gaangen ass. Wéi d'Police matdeelt, ass hien trotz de Beméiunge vun de Rettungsekippen nach op der Plaz gestuerwen. Beim Rettungsasaz wieren zwou Ambulancen an e Rettungshelikopter op der Plaz gewiescht.
Den Tiger ass nom Tëschefall a sengem Beräich bliwwen. Déi aner Visiteure vum Zoo wieren zu kengem Ament a Gefor gewiescht, esou d'Police.
Firwat de Mann iwwerhaapt an de Park vum Tiger gaange war, ass nach onkloer. Am Park liewe ënner anerem sibiresch Tigeren, och Amur-Tigere genannt.