
Op enger Spillplaz am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz soll ee Mann seng Fra virun den Ae vun dengemeinsame Kanner ëmbruecht hunn. Him gëtt Doudschlag reprochéiert, wéi de Parquet Kaiserslautern en Donneschdeg matgedeelt huet. Deemno soll hien d'Fra en Dënschdegnomëtteg op enger Spillplaz zu Linden mat engem Messer attackéiert an um Hals blesséiert hunn. Méi spéit ass si un hiren uerge Blessure gestuerwen.
Duerno soll hie sech selwer schwéier um Hals blesséiert hunn. De 40 Joer ale Mann gouf mat schwéiere Blessuren an e Spidol bruecht, wou hien aktuell ëmmer nach si soll. Zu de Reprochen huet hie sech bis elo nach net äussere kënnen. D'Koppel hat véier Kanner zesummen. Dräi dovu ware mat hirer Mamm op der Spillplaz, dat véiert war zum Zäitpunkt vun der Dot doheem.
Kuerz virun der Attack hätt et ee Sträit ginn. Enn Mäerz hat d'Familljegeriicht Kaiserslautern dem Mann verbueden, seng Fra ze kontaktéieren a sech an der gemeinsamer Wunneng opzehalen. Grond dofir war, datt de 40 Joer alen an der Wunneng probéiert hätt, sech ëmzebréngen a well hien an enger psychescher Ausnamesituatioun gewiescht wier.