Kand bei Stuttgart am Auto gestuerwenPolice ermëttelt géint d'Mamm wéinst homicide involontaire

RTL Lëtzebuerg
Zu Schorndorf an der Géigend vu Stuttgart an Däitschland war e Mëttwoch e Kand dout an engem Auto entdeckt ginn. De Parquet enquêtéiert elo wéinst homicide involontaire.
Fra leet Blummen op der Plaz vum déidlechen Tëschefall néier
Fra leet Blummen op der Plaz vum déidlechen Tëschefall néier
© JASON TSCHEPLJAKOW/dpa Picture-Alliance via AFP

Nodeems e Mëttwoch am Nomëtteg e Meedchen dout an engem Auto bei Schorndorf (Rems-Murr-Krees) fonnt gi war, gëtt elo géint d'Mamm enquêtéiert. Et wier eng Enquête wéinst homicide involontaire an d'Weeër geleet ginn, sou de Parquet vu Stuttgart. D'Kand war knapp 20 Méint al.

Doudegt Kand am Auto wuel iwwer Stonne vergiess

D'Mamm soll d'Kand iwwer Stonnen am Auto vergiess hunn, dat bei grousser Hëtzt. Eréischt am Nomëtteg hat déi 44 Joer al Fra hiert Meedchen am Auto entdeckt an d'Rettungsekippen alarméiert. En Noutdokter huet versicht, d'Kand ze reaniméieren, ma d'Meedchen ass nach op der Plaz gestuerwen. Eng Obduktioun soll elo déi genee Grënn fir den Doud vum Kand klären. Ënner anerem muss gekläert ginn, a wéi wäit d'Hëtzt eng Roll gespillt kéint hunn oder ob eventuell aner gesondheetlech Grënn zum Doud vum Meedche gefouert kéinten hunn. D'Enquête soll och klären, wisou d'Kand am Auto vergiess gi war.

Back to Top
CIM LOGO