Vigilance orange ausgeruffMeteoLux warnt virun héijen Temperaturen tëscht e Freideg an e Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Ronderëm d'Festivitéite vun Nationalfeierdag sinn zu Lëtzebuerg Temperature bis zu 36 Grad méiglech.

Wéinst den héijen Temperaturen, déi an deenen nächst Deeg tëscht 34 a 36 Grad Celsius erreeche kënnen, ass e Mëttwoch d'Celulle d'evaluation zesummekomm, fir d'Situatioun z'analyséieren. Dat och en Vue vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag. D'Autoritéiten erënneren nach eng Kéier drun, datt virop eeler Leit a kleng Kanner riskéieren, gesondheetlech Probleemer ze kréien, wann et esou waarm ass. Donieft besteet fir jiddereen de Risiko vun Dehydratioun a Sonnestéch.

Deemno heescht et vill Waasser drénken, dobanne bleiwen, d'Wunnenge kill halen, andeems Rideauen a Rolllueden zougemaach ginn, de Kapp bedecken an net ze vill Sport dobausse maachen.

Back to Top
CIM LOGO