
D'Demande no enger Plaz an der ëffentlecher Europaschoul ass grouss. Fir dëst Schouljoer haten an der internationaler Schoul zu Déifferdeng/Esch 1.592 Schüler sech ageschriwwen, et konnten der awer just 413 opgeholl ginn, huet den Educatiounsminister Claude Meisch bedauert. "Dat heescht, ee vu véier, dee well an där Schoul geschoult ginn a wou d'Eltere jo sécherlech och Ursaachen hunn, fir där Meenung ze sinn, datt se an där Schoul solle geschoult ginn, dee kritt déi Dier opgemaach. Fir dräi vu véier Schülerinnen oder Schüler bleift déi Dier zou! Mir wëssen wat dat ganz dacks bedeit an Termes vu Chancen. Op eng gutt Scolaritéit, op en Ofschloss, op d'Integratioun an d'Lëtzebuerger Gesellschaft an eist Aarbechtsliewen. An doriwwer eraus."
D'LSAP-Deputéiert Francine Closener seet, si wier dacks gefrot ginn, firwat schonn erëm eng Europaschoul soll gebaut ginn an ob déi normal Schoulen net méi gutt genuch wieren. Dach, wiere se. Se hätten absolut hir Daseinsberechtegung, mä se hätte sech net esou séier ugepasst, wéi d'Gesellschaft sech verännert hätt. Deen hei Projet huet d'LSAP matgestëmmt, mä ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Kanner ass fir d'LSAP net d'Léisung.
"Aktuell, wéi d'Situatioun ass, ass et natierlech néideg, eng weider international Schoul opzemaachen, dës Kéier eeben zu Schëffleng. Ganz einfach, well keng aner Optioun um Dësch läit. Mee laangfristeg hale mir, hält d'LSAP déi Pist net fir de richtege Wee. Mir sinn der Meenung, dass Kanner mat verschiddenen Hannergrënn sollen zesumme léiere kënnen. Si mussen net alleguerten zum selwechte Moment dat selwecht am selwechte Rhythmus léiere vun esou enger Approche, wou d'Inhalter an der Schoul guer net un déi eenzel Schüler ugepasst ginn. Do si mer jo souwisou scho ganz laang fort."
An den Ae vum CSV-Deputéierte Ricardo Marques ass et wichteg, eng weider ëffentlech international Offer unzebidden. Dat wier besonnesch wichteg fir d'Chancëgläichheet. "Et ass wichteg, datt mir eng ëffentlech international Offer ubidden, well net all Kand am selwechte sproochlechen oder familiären Ëmfeld grouss gëtt an net all Famill déi selwecht Méiglechkeeten huet. Mee grad dofir musse mir kloer soen, dës Offer soll eng Alternativ sinn an net den Ersatz vum traditionelle Lëtzebuerger Schoulsystem. Si soll eng Ergänzung sinn an net e Prinzip. De Kär vun eiser ëffentlecher Schoul bleift de gemeinsame Schoulsystem
mat senge Sproochen, senge Weeër a senger gesellschaftlecher Roll."
De Gesetzprojet ass um Enn mat 55 Stëmmen ugeholl ginn. D'ADR huet dogéint gestëmmt.