
Zeien hunn den dräi Deeg ale Bouf, deen an d'Hecke geluecht gi war, zum Gléck bemierkt an hunn direkt d'Rettungsdéngschter an d'Police geruff. Bis d'Secouristen op der Plaz waren, hunn d'Zeien de Bëbee versuergt.
Wéi d'Police an hirer Matdeelung zum Fall vun e Samschdeg sot, haten d'Zeie virdrun eng jonk Fra an der Géigend gesinn. Et gouf direkt eng Sich no hir lancéiert a si konnt och relativ séier fonnt ginn. Bei der Fra huet et sech ëm déi 21 Joer al Mamm vum Kand gehandelt.
Dat neigebuerent Kand, dat zum Gléck kee Schued dovugedroen huet, koum fir Kontrollen an eng éischt Versuergung an d'Spidol, ier et un d'Jugendamt weidergi gouf.
An engem Artikel vum "Trierischer Volksfreund" huet den Oberstaatsanwalt Manfred Stemper weider Detailer zum Fall ginn. D'Kand hätt ouni Schutz géint d'Keelt an enger Heck geleeën an et wier just engem "glécklechen Zoufall" ze verdanke gewiescht, datt d'Kand vu Passante fonnt gouf. Wier d'Kand dogéint net fonnt ginn, wier d'Chance grouss gewiescht, datt et net iwwerlieft hätt.
Géint d'Mamm vum Kand huet en Ermëttlungsriichter vum Amtsgericht Trier, op Demande vum Parquet, Haftbefeel erlooss. Hir gëtt eng versichten Aussetzung mat versichtem Doudschlag virgeheit. D'Ermëttlunge géife weidergoen, heescht et nach vum Polizeipräsidium Trier.
Fir datt et net zu esou Fäll kënnt, gëtt et zu Tréier u sech eng sougenannten "Babyklappe", an där Mammen hir neigebuere Puppelcher anonym kënnen ofginn. Do sinn d'Puppelcher geschützt a ginn no engem kuerzen Delai direkt vun de Mataarbechter vum Kannerheem vun de Vereinigten Hospizien entgéintgeholl. D'Elteren hunn iwwerdeems an enger Frist vun aacht Wochen d'Méiglechkeet, hir Decisioun nees réckgängeg ze maachen.