Mat der traditioneller Militärzeremonie op der Kluuster war e Mëttwoch zu Dikrech den éischten offiziellen Akt am Kader vum Nationalfeierdag. D'Parad duerch d'Garnisounsstad war och e symbolesche Moment fir de Chef d'état-major Steve Thull. No bal 40 Joer am Déngscht vun der Arméi war et seng lescht Militärparad zu Dikrech. Enn September geet de Generol an d'Pensioun.
Op der Zeremonie hunn d'Zaldote sech an hirem neien Drillich presentéiert. Am Kader vum geplangte binationale Batailloun mat der Belsch dréit d'Lëtzebuerger Arméi elo déi belsch Felduniform.
An hirer Ried huet d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes ënnerstrach, datt Lëtzebuerg militäresch Verantwortung iwwerhëlt an den Engagement vum Land och op internationalem Niveau unerkannt gëtt. Déi international Zesummenaarbecht an d'Bäiträg zur Sécherheet am Kader vun der NATO stoungen am Mëttelpunkt vun de Rieden.
Den traditionellen Ofschloss war d'Militärparad duerch d'Rue de Stavelot. E Sonndeg ass dann d'Generalprouf fir déi grouss Militärparad op Nationalfeierdag an en Donneschdeg schonn ass en Testvol vum Militärtransportfliger A400M geplangt dee géint 13 Auer déif iwwer d'Stad wäert fléien.