Indien an NepalMéi wéi 80 Doudeger bei Iwwerschwemmungen

RTL Lëtzebuerg
Staarke Reen huet an Nordindien an am Nepal Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen ausgeléist.
Starke Reen: Iwwer 80 Doudeger an Indien an Nepal.
Starke Reen: Iwwer 80 Doudeger an Indien an Nepal.
© JWALA KOTESH/NurPhoto via AFP

A béide Länner koume méi wéi 80 Mënsche ëm d'Liewen, e puer ginn nach vermësst.

Am indesche Bundesstaat Uttar Pradesh sinn eleng an de leschten dräi Deeg 56 Mënsche gestuerwen. Méi wéi 1.000 Haiser goufe beschiedegt, Dausende Leit goufen a Sécherheet bruecht.

Och am Nopeschland Nepal koumen zanter Donneschdeg 21 Mënsche bei Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen ëm d'Liewen.
D'Katastropheschutzautoritéite mellen och Vermësster a beschiedegt Haiser.

Experten no féiert de Klimawandel zu méi extremen Wiederphenomener a Südasien. Enn August war eng riseg Well duerch d'Grenzregioun tëscht Nepal an der autonomer Regioun Tibet a China gaangen. Méi wéi 1.400 Mënsche koumen dobäi ëm d'Liewen, Dausende ginn nach ëmmer vermësst. Ausgeléist gouf d'Flut duerch en Äerdrutsch vun engem Gletscher am Himalaya. An Nordindien kënnt et wärend der Monsunsaison vu Juni bis September reegelméisseg zu staarkem Reen.

Back to Top
CIM LOGO