
Moskau huet e Méindeg Berichter dementéiert, déi dovu geschwat hunn, datt eng Labo-Technikerin a Sibirien un der Pescht gestuerwe wier. Vu russescher Säit heescht et, datt bei der Obduktioun keng Unzeeche vun der Krankheet festgestallt goufen. Washington dogéint huet erkläert, datt een d'Lag genee beobachte géif.
Berichter vum Freideg hate gemellt, datt eng 28 Joer al Fra mam Numm Darya Shipilova, déi fir d'Institut fir Pescht-Bekämpfung an der sibirescher Regioun Irkutsk geschafft huet, un der Pescht gestuerwe wier.
D'Noriichtenagence "People of Baikal" hat mam Verweis op ongenannt Quellen aus dem Ëmfeld vun de regionale Sécherheetsdéngschter geschriwwen, si hätt sech méiglecherweis duerch e Reagenzglas, dat gebrach wier, mat der Longepescht ugestach. Aner Medien hu vun engem méiglechen Zesummenhang tëscht hirem Doud an dem Labosaccident an der Ariichtung geschwat.
De Gouverneur vun der Regioun Irkutsk Igor Kobzev huet e Méindeg awer erkläert, eng Enquête duerch eng speziell Expertekommissioun an der Regioun hätt erginn, datt "d'Doudesursaach eng Longenentzündung vun onbekannter Ursaach war".
Hien huet op Telegram geschriwwen, datt déi russesch Verbraucher- a Gesondheetsopsiichtsagence Rospotrebnadzor no Tester festgestallt hätt, datt "an hire biologesche Prouwe keng Mikroorganisme fonnt goufen, déi mat der berufflecher Tätegkeet vun der jonker Fra a Verbindung stinn". De Kobzev huet ergänzt, datt et zanter dem Doud vun der Fra "keng nei Fäll ginn hätt, an deene Mataarbechter vum Peschtbekämpfungsinstitut medezinesch Hëllef an Usproch geholl hätten". Déi hygieenesch-epidemiologesch Lag an der Regioun Irkutsk wier "stabil" an "ënnert eiser Kontroll an an där vun eisen Experten".
Op d'Fro no der Lag e Méindeg huet de Kreml-Spriecher Dmitri Peskow d'Reporter opgeruff, sech "op déi offiziell Erklärunge vu Rospotrebnadzor ze verloossen an net op Gerüchter".
Den US-Ausseminister Marco Rubio huet e Méindeg erkläert, säi Land géif d'Lag beobachten, et géif aktuell awer kee "Grond fir Beonrouegung" ginn.