Op der PompelPräis vum Diesel zitt nach emol un, och 95er Bensinn gëtt elo méi deier

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdeg u bezilt ee méi fir Diesel a 95er Bensinn. Den 98er Bensinn bleift onverännert bei 1,64 Euro de Liter.
© AFP

Beim Diesel ass et vun e Samschdeg un eng Hausse vu 7,6 Cent de Liter - dat, nodeems de Präis eréischt en Donneschdeg ëm 21,1 Cent méi deier gouf. Fir de Liter Diesel bezilt een deemno vun e Samschdeg un 1,772 Euro.

Dem 95er Bensinn ass et eng Hausse vu 4,5 Cent op dann 1,56 Euro de Liter. De Masutt (10ppm) gëtt och vun e Samschdeg un e bësse méi deier - 7,9 Cent muss ee méi bezuelen De Präis klëmmt domat op insgesamt 1,22 Euro de Liter.

Am Reportage vun e Freideg huet d’Marlène Clement mat Leit geschwat, déi e no der héijer Hausse tanke waren, awer och mam Romain Pütz, President vun der Fédération des Exploitants de Stations-Service, deen ënnert anerem erkläert huet, wéi de Präis op der Pompel reguléiert gëtt. Kuckt hei de Reportage:

Pëtrolspräisser zéie wéinst Krich am Iran un: Wat denken d'Leit zu Lëtzebuerg?
Vill Leit sinn nach virun der Hausse op der Pompel séier tanke gaangen, anerer hu misse méi déif an d’Täsch gräifen.

© RTL-Grafik

D’Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO