
Och zejoert huet d’kathoulesch Kierch hei am Land nees missten ee Fall vu presuméiertem sexuellen Iwwergrëff bannent kierchleche Strukturen un de Parquet weiderginn.
Wei et aus dem Rapport vun der Mëssbrauch-Beoptraagter vum Bistum ervir geet, geet et dobäi ëm e Paschtouer, deen an de 70er-Joren an enger Par en deemools mannerjärege Jong sexuell agresséiert soll hunn. De Generalvikar huet dës Faiten un de Parquet virugeleet.
Schonn 2024 hat de Bistum ee Fall vu sexuellem Mëssbrauch un de Procureur weidergeleet: des Faite goufen et viru 50 Joer an engem kierchleche Foyer fir Kanner.
Zanter 2010 existéiert den interne Bistums-Zerwiss, wou sech Affer vu sexuellen Iwwergrëffer duerch Geeschtlecher oder soss engem Mataarbechter vum Bistum kënne mellen. D’Martine Jungers ass d’Kontaktpersoun an d’Kierchen-intern Delegéiert fir d’Preventioun.