Iwwer eng Millioun InfizéierterNet just hei am Land klëmmt d'Zuel vun den Neiinfektiounen, mä och an der Belsch

RTL Lëtzebuerg
An der Belsch geet d’Zuel vun den Neiinfektiounen nees an d’Luucht. Besonnesch betraff si Persounen ënner 60 Joer.

Eng Auslandskorrespondenz vum Danielle Filbig

Zanter dem Ufank vun der Pandemie hu sech bei eise belschen Nopere méi wéi 1 Millioun Leit infizéiert a 25.000 Persoune sinn un oder mam Virus gestuerwen. Tëscht dem 27. Juni an dem 3. Juli sinn d’Neiinfektiounen ëm 66 Prozent par Rapport zu der Woch virdru geklommen, haaptsächlech bei de Jonken tëscht 18 an 24 Joer. Bei den eelere Leit sinn d’Neiinfektioune stabel. Déi wallounesch an déi flamännesch Regioun si méi staark betraff wéi Bréissel. An der Belsch ass den Impftaux beim Fleegepersonal immens niddreg. De Gesondheetsminister Frank Vandenbroucke huet sech schockéiert doriwwer gewisen a gesot, hie kéint net verstoen, datt an deem Secteur net méi Leit sech wéilten impfe loossen. Hien géif dat irresponsabel fannen, sou nach de Minister, deen eng Impfobligatioun awer lo mol ausschléisst. Iwwer déi aktuell Hausse seet de Politiker sech iwwerdeems erstaunt. Ma et misst ee souwisou bis September waarden, bis datt 70 Prozent vun der Populatioun geimpft sinn. Dat wier de minimale Grenzwäert fir eng Häerdenimmunitéit. De Frank Vandenbroucke sot och, et sollt een elo net direkt panikéieren, mee virun allem weiderhi virsiichteg sinn.

Vun e Méindeg u wäert et och méiglech sinn déi Jonk tëscht 12 a 15 Joer ze impfen an dëst mam Vaccin vu Biontech/Pfizer, well dat am Moment deen eenzegen ass, dee vun der EU autoriséiert ass.

An der Belsch gouf och getest wéi héich Kontaminatiounsgefor bei gréisseren Evenementer a Bannenräim ass. Am Total si 6 grouss Evenementer organiséiert gi mat am Ganze 4.500 Leit, d’Leit hu misste virum Evenement en Test maachen a wärenddeem déi ganzen Zäiten d’Mask unhalen. 7 Deeg dono hu si nach eng Kéier missten en Test maachen, fir ze kucken, ob si sech ugestach hunn. Dobäi koum raus, datt d’Infektiounen an d‘Ustiechungsgefor an dësem Fall kleng waren.

Back to Top
CIM LOGO