Wéinst Gesondheetszoustand vum KinnekNorwegesche Premier Jonas Gahr Støre huet Auslandsrees ofgesot

RTL mat AFP
Well de Kinnek Harald V. a schlechtem Gesondheetszoustand ass, huet de norwegesche Premier seng geplangte Rees an Däitschland annuléiert.
Den norwegesche Premier Jonas Gahr Store bleift am Land
Den norwegesche Premier Jonas Gahr Store bleift am Land
© JAN LANGHAUG/AFP

De Kinnek vun Norwegen Harald V. war virun annerhallwer Woch an e Spidol zu Oslo ageliwwert ginn. Zanterdeem huet sech dem Monarch säi Gesondheetszoustand verschlechtert. De kinnekleche Palais huet wësse gedoen, hie wier an engem "extrem eeschten" Zoustand. De Kinnek leit ënnert enger Form vu Bluttaarmut.

D'Kinnigin Sonja an d'Krounprënzekoppel hunn all hir Rendez-vousen ofgesot, fir am Spidol un der Säit vum Harald kënnen ze sinn.

Och den norwegesche Premier Jonas Gahr Støre huet eng geplangte Rees an Däitschland aus deem Grond annuléiert. Hien hätt sech solle mam Bundeskanzler Friedrich Merz treffen.

Den Harald V. ass zanter 1991 Kinnek vun Norwegen an hat an de leschte Joren ëmmer rëm mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen. Eng Ofdankung hat de Monarch awer ëmmer refuséiert mam Vermierk, hien hätt virum Parlament en Eed op Liewenszäit ofgeluecht.

Back to Top
CIM LOGO