Chip-ProduzentNvidia huet Quartal-Ëmsaz méi wéi verduebelt

AFP, iwwersat vun RTL
Den Chip-Produzent Nvidia huet mat sengem Quartal-Resultat d'Erwaardungen op de Marchéen iwwertraff.
Der Chiphersteller Nvidia hat mit seinem Quartalsergebnis die Erwartungen an den Märkten übertroffen. Das vom KI-Boom profitierende Unternehmen erzielte einen Umsatz von 96,2 Milliarden Dollar - mehr als doppelt so viel wie im gleichen Zeitraum 2025.
Nvidia huet sech duerch déi immens Nofro no senge leeschtungsstaarke Prozesseren duerch d'KI-Branch zu de wäertvollsten Entreprisë vun der Welt entwéckelt.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

D'US-Entreprise, déi vum KI-Boom profitéiert, huet tëscht Mee a Juli en Ëmsaz vu 96,2 Milliarden Dollar gemaach. Also méi wéi duebel esou vill wéi am selwechten Zäitraum dat Joer virdrun. Analysten hate mat engem Ëmsaz vu ronn 92 Milliarden Dollar gerechent.

Säin Ëmsaz huet Nvidia am Verglach mam Quartal zejoert ëm 106 Prozent an am Verglach mam Zäitraum Februar bis Abrëll dëst Joer ëm 18 Prozent gesteigert. Den Nettogewënn vun Nvidia ass iwwerdeem géigeniwwer dem Quartal dat Joer virdrun ëm 126 Prozent op 59,7 Milliarden Dollar gewuess. Doran agerechent sinn awer 7,8 Milliarden Dollar u Gewënner aus Parte vu KI-Entreprisen.

D'Entreprise mat Sëtz a Kalifornien setzt dorop, datt de KI-Boom op d'mannst op kuerz Zäit onënnerbrach weider geet. Se rechent souguer mat engem nach méi staarken Ëmsaz vun 108 Milliarden Dollar am nächste Quartal - wat iwwer den aktuelle Prognose läit.

Nvidia huet sech duerch déi immens Nofro no senge leeschtungsstaarke Prozesseren duerch d'KI-Branch zu der wäertvollsten Entreprise vun der Welt entwéckelt. Déi ursprénglech fir Videospiller hiergestallt Nvidia-Chippe sinn d'Häerzstéck vu ville KI-Rechenzenteren.

Déi gréisst Clientë vun Nvidia - Amazon, Microsoft, Alphabet a Meta - wäerten an dësem Joer viraussiichtlech am Ganzen 800 Milliarden Dollar a KI-Rechenzenteren an -Infrastrukturen investéieren. Dat ass bal duebel esou vill wéi déi global Gesamtdepensen an dëse Beräicher zejoert.

Back to Top
CIM LOGO