
Sou och e Freideg bei enger Loftattack, déi 13 Leit - dorënner ee Kand - d'Liewe kascht huet. Wéi et vum libaneesesche Santésministère heescht, wiere bei Ugrëff op d'Stad Habbusch aacht Persounen ëmbruecht ginn, zu Sraijeh véier an zu Ain Baal eng. Zu Habbusch sinn donieft och nach 21 Leit blesséiert ginn.
Noriichtenagencen no hätt d'israeelesch Arméi Residenten an de betraffene Géigende virun den Attacke gewarnt, allerdéngs manner wéi eng Stonn virdrun.
D'Arméi reprochéiert där vum Iran ënnerstëtzter Hisbollah-Miliz jo géint d'Wafferou-Ofkommes verstouss ze hunn an huet aus deem Grond annoncéiert, "decidéiert" géint dës virzegoen.
Tëschent Israel an dem Libanon gëllt u sech zanter dem 17. Abrëll eng Wafferou. Israel huet trotz dëser awer e puer mol Loftugrëffer am Süde vum Land geflunn, mat der Begrënnung, se géife sech géint d'Hisbollah riichten. D'Ofkommes gesäit vir, datt Israel d'Recht huet, géint "geplangt, onmëttelbar bevirstoend oder aktuell Ugrëffer" virzegoen.
Och d'Hisbollah reprochéiert Israel Verstéiss géint d'Wafferou an huet dowéinst e Freideg Positioune vun israeeleschen Zaldoten am Süde vum Libanon attackéiert.