Wéi den Olivier Broy erkläert, gouf am Wanter vill geschafft, net nëmmen un de Gefierer, mee och un der Infrastruktur.
“Mir hunn e gréissere Gleisbauschantier gemaach, wou sëlleche Schwellen ersat gi sinn.“
Och um Quai gouf investéiert. Nei Luuchte solle fir eng besonnesch Ambiance suergen, wann d’Sonn ënnergaangen ass. Eng weider Neierung ass eng speziell Installatioun fir Familljen. Eng nei Ramp erméiglecht et, barrièrefräi an d’Waggonen eran ze kommen.
Zousätzlech gëtt vu Mëtt Mee un eng nei Ausstellung opgemaach, déi sech besonnesch un d’Kanner riicht.
“D’Kanner kënnen erliewen, wat d’Eisebunn ass […] an dat Ganzt op eng méi kannerfrëndlech Aart a Weis verstoen.“
Nieft de klasseschen Evenementer bleift de Programm och dëst Joer gutt gefëllt. Esou zum Beispill de Blues Express den 11. Juli an de Steampunk-Weekend am September.
Nei ass dëst Joer den “Diesel-Dag” de 6. September. Do wäerten déi al Diesellokomotiven de ganzen Dag am Asaz sinn.
Um 1. Mee fiert nieft dem Train 1900 och d’Minièresbunn. An tëscht 11 an 18 Auer ass e Marché des Créateurs am Fonds de Gras.
Weider Detailer fënnt een op minettpark.lu.