
Konkret heescht dat, datt d'Douanestaxen op europäeschen Autoen, Pharmaproduiten a Wäin zum Beispill, deen an d'Mercosur-Länner exportéiert gëtt, däitlech erofginn. Den europäeschen Handelskommissär Maros Sefcovis schwätzt dann och vun engem "groussen Dag".
Déi véier südamerikanesch Staate Brasilien, Argentinien, Paraguay an Uruguay hunn d'Ofkommes all ratifizéiert ma d'Europaparlament hat sech majoritär fir eng juristesch Iwwerpréiwung virum Europäesche Geriichtshaff ausgeschwat an domadder den definitiven Ofschloss vun der Prozedur op europäescher Säit ausgebremst. Virun allem a Frankräich hate sech d'Bauere bis zu Lescht géint de Mercosur gewiert well se duerch Bëllegimporter negativ Konsequenze fir sech fäerten. Och Ëmweltschutzorganisatiounen a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft gesinn de Fräihandelsaccord nach ëmmer kritesch, deen no iwwer 25 Joer Verhandlungen zustane komm ass.