Staatsmedie mellenIran iwwermëttelt USA eng nei Propos fir Negociatiounen - Trump refuséiert

RTL mat AFP
Den US-President Trump huet eng nei Negociatiounspropos vum Iran zeréckgewisen.
Der Iran hat nach Medienberichten einen neuen Vorschlag zur Wiederaufnahme der ins Stocken geratenen Verhandlungen mit den USA vorgelegt. Das Weiße Haus wollte diese Angaben nicht kommentieren.
Den Iran huet de Mediateuren am Pakistan wéi et schéngt eng Propos gemaach, fir d'Negociatioune mat den USA nees opliewen ze loossen. Zanter Deeg stagnéieren déi jo.
© AFP/Archiv

Den Iran huet de Mediateuren am Pakistan wéi et schéngt eng Propos gemaach, fir d'Negociatioune mat den USA nees opliewen ze loossen. Zanter Deeg stagnéieren déi jo.

D'iranesch Noriichtenagence Irna an d'Chaîne Irib mellen elo, dass den Ausseminister Araghtschi mat Homologen an der Regioun an der EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas telefonéiert gehat hätt.

Pakistan huet nach net confirméiert an dat Wäisst Haus wollt an engem éischten Ament net kommentéieren. Kuerz Zäit drop huet den US-President Trump d'Propos vum Iran allerdéngs zeréckgewisen. "Am Moment sinn ech net zefridde mat hirer Offer", esou de President viru Journalisten.

Den Trump huet betount, d'Féierung zu Teheran wier sech net eens, wann et ëm eng Strategie geet, fir de Krich op en Enn ze bréngen. Den Trump sot, hie géif den Iran léiwer "net dem Äerdbuedem gläichmaachen", a e Relancement vum Krich géif eng Optioun bleiwen.

Trotz Wafferou bekämpfe sech Israel an déi pro-iranesch Hisbollah-Miliz weider. Medie mellen israeelesch Attacken am Südlibanon. D'israeelesch Arméi seet, si wär vun der Hisbollah ugegraff ginn.

Back to Top
CIM LOGO