MexikoOp d'mannst 37 Doudesaffer no heftegem Reen

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Donneschdeg sinn a Mexiko op d'mannst 37 Persoune bei Iwwerschwemmungen no heftegem Reen ëm d'Liewe komm.
© MARCO ANTONIO PEREZ / AFP

An 31 vun den 32 mexikanesche Bundesstaate wier et no Staarkreen zu Iwwerschwemmunge komm, sou d’Autoritéite vun deenen eenzele Staaten e Freideg lokaler Zäit.

Am uergste betraff wier deemno de Bundesstaat Hidalgo, wou 16 Leit gestuerwe sinn an iwwer 1.000 Haiser zerstéiert goufen. Iwwerdeems sinn iwwer 90 Uertschafte wéinst dem Héichwaasser nach ëmmer net fir d’Asazkräften accessibel. Am Bundesstaat Puebla ass aktuell vun 9 Doudesaffer gewosst, ma wéinst der héijer Zuel u Vermësste kéint dës Zuel nach klammen. Iwwerdeems sinn am Bundesstaat Veracruz am Oste vum Land an am Bundesstaat Queretaro am Zentrum zwou respektiv eng Persoun ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO