
Bei enger Kollisioun tëscht zwee Zich am Süde vun Tschechien sinn no Aussoe vun den Noutdéngschter op d’mannst 57 Persoune blesséiert ginn, dovu véier schwéier. Uganks hat eng Spriecherin vum tschechesche Rettungsdéngscht vu 40 Blesséierten an zwee schwéier Blesséierte geschwat. Méi spéit huet d’Agence CTK mat Recours op d’Spidol matgedeelt, datt et op d’mannst 57 Leit, dovu fënnef schwéier blesséiert, wieren.
Den Accident ass no bei der Stad Budweis (Ceske Budejovice) geschitt, ronn 150 Kilometer südlech vu Prag.
D’Kollisioun wier géint 6.19 Auer gemellt ginn. All Passagéier wieren aus de betraffenen Zich gerett ginn, huet e Spriecher vum staatlechen Eisebunnsbedreiwer Sprava zeleznic erkläert.
Eng Ermëttlung, fir d’Ursaach vum Accident ze klären, gouf lancéiert.