
De Poopst Leo XIV. huet d'Spuermesurë vum argentinesche President Milei staark kritiséiert. "D'Wirtschaft muss de Leit déngen an net ëmgedréit", sou de Chef vun der kathoulescher Kierch kuerz no senger Landung an deem südamerikanesche Land e Sonndeg. Et ass déi éischt Visite vun engem Poopst an Argentinien zanter 40 Joer.
De Poopst huet d'Noutlag vun deene betount, déi trotz enger ustrengender Aarbecht Schwieregkeeten hätten, iwwert d'Ronnen ze kommen. Hien huet ënnerstrach, dass ee besonnesch déi misst am Bléck hunn, déi vun enger Krankheet betraff oder anescht ageschränkt sinn. Domat huet hien op déi rezent Kierzunge vun der argentinescher Regierung bei der finanzieller Hëllef fir Leit mat Aschränkungen ugespillt.
De Leo XIV. huet dem argentinesche Presiden Milei gesot, dass d'Demokratie eng Bereetschaft fir nozelauschteren an de virsiichtegen Ëmgang mat Wierder géing erfuerderen. De Milei selwer sot sengersäits, dass seng Regierung et wéilt evitéieren, d'Argentinier vu muer ze bestrofen, fir den Argentinier vun haut Virdeeler ze verschafen.
D'Relatioun tëscht dem Poopst an dem argentinesche Staatschef gëtt opmierksam beobacht. De Javier Milei hat dem Leo säi Virgänger Franziskus wärend sengem Walkampf fir d'Presidentiellen wéinst dësem sengem Asaz fir sozial Gerechtegkeet attackéiert, sech no senger Wal awer ëffentlech beim deemolege Poopst entschëllegt.