Amoklaf mat 6 DoudesafferAttentäter vu Krakau ass dout

RTL mat AFP
Wéi déi polnesch Police matdeelt, wier de Schütze, deen e Samschdeg sechs Leit zu Krakau ëmbruecht huet, am Spidol un der Suitte vu senge Blessure gestuerwen.
Den Täter hat op der Maartplaz vu Krakau aus engem Auto eraus ëm sech geschoss.
Den Täter hat op der Maartplaz vu Krakau aus engem Auto eraus ëm sech geschoss.
© WOJTEK RADWANSKI/AFP

No enger presuméierter "rietsextrem" motivéierter Attack mat Schosswaffen am polnesche Krakau mat sechs Doudesaffer, huet de Parquet e Sonndeg Ermëttlunge wéinst "Terrorismus" ageleet. A Polen gouf eng Staatstrauer vun zwee Deeg ausgeruff, nodeem e Samschdeg en arméierte Mann an der Alstad vu Krakau sechs Mënschen erschoss huet a 15 weiderer blesséiert. De Regierungschef Donald Tusk huet vun enger "grausamer Attack" geschwat.

Den de Medien no 24 Joer alen Attentäter ass den Ermëttler no e Samschdeg am Nomëtteg an der Stad am Süde vu Polen, déi bei villen Touriste beléift ass, "mat engem Auto op d'Maartplaz" gefuer an huet do op Passante geschoss. Bei senger Flucht war hie mam Auto op enger Kräizung stoe bliwwen an hat do op Poliziste geschoss. Zwee vun de Beamte goufen dobäi blesséiert, béid sinn e Sonndeg awer nees aus dem Koma erwächt.

Beim Asaz vun der Police gouf den Täter du liewensgeféierlech blesséiert a koum an d'Spidol. Do ass hien u senge Blessure verscheet, esou d'Police op X.

Am Haus vum Attentäter goufen dann och nach dräi Läiche fonnt. Dëst sinn der Police no seng Elteren a seng Schwëster. Och bei hinne goufe Aschosslächer festgestallt. Am Haus vum 24 Joer ale Mann goufe nach siwe weider Waffe fonnt. Bei de sechs Leit, déi op der Maartplaz ëmkomm sinn, handelt et sech den Autoritéiten no ëm véier Fraen an zwee Männer, dorënner och Polizisten. Zwee vun den Doudesaffer wieren Auslänner, e Britt en eng Éisträicherin.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO