Bei der Vollversammlung war et déi éischte Kéier wou hien sech als Staatschef un d'Vereent Natiounen adresséiert huet. E puer Plazen virun him huet den US-President Donald Trump seng Ried gehalen, direkt no him huet de franséische President Emmanuel Macron geschwat.
Et war e Message fir de Multilateralismus, fir Institutioune wéi d’UNO an Zäite vu Kricher a Krisen uechtert d’Welt, deen de Grand-Duc wollt mat op New York bréngen. Eise Korrespondent Philip Crowther huet hien en Dënschdeg ganz no op der UNO suivéiert.
Eng UNO déi an der Kris stécht, Kricher iwwerall op der Welt an e puer Männer, déi all d'Schlagzeilen dominéieren. Dat ass de Kontext fir dem Grand-Duc Guillaume seng éischt Vollversammlung als Lëtzebuerger Staatschef.
Ween nei dobäi ass brauch e Guide. A wéineg Leit kennen dës Plaz a seng Delegéiert besser wéi de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel. En Tour duerch d'Couloire bréngt de Grand-Duc a Kontakt mat Leit, déi ee scho kennt, de franséische President Emmanuel Macron, zum Beispill. Et ass hektesch zu New York dës Woch, et geet vun enger Renconter bei déi Nächst.
De Xavier Bettel: "Also, de Grand-Duc brauch keng Introduktioun, mä ech hunn d'Chance, dass de Grand-Duc dëst Joer eis Delegatioun leed. Ech hunn am Fong geholl en aneren Agenda. Ech begleeden de Grand-Duc bei sengen Entrevue, mee ech hunn eng Rëtsch vu bilaterale Reuniounen och op mengem Niveau an den Ausseminister, deen huet d'ganz Woch wierklech voll getässelt kritt, mä et ass wierklech och eng Occasioun fir d'ganz Welt ze gesinn. An déi, déi ech scho méi laang kennen, hunn ech d'Chance, fir de Grand-Duc virzestellen, mä ech si ganz houfreg, well et war u mir fir dëst Joer d'Ried ze halen. Mir wiesselen eis ëmmer of mam Premier. An et war dëst Joer u mir an do hunn ech de Grand-Duc gefrot, ob en net wéilt d'Ried hale goen an en huet direkt Jo gesot. An ech fannen et wichteg, datt en neie Staatschef sech och ka virun der ganzer Welt äusseren, dofir sinn ech ganz frou dass en hei ass."
Op der nämmlechter Tribün, wou den amerikanesche President nees mat der Zerstéierung vum Iran gedreet huet, war och dem Grand-Duc seng Ried. 18 Minutten, op Franséisch an op Englesch.
De Grand-Duc Guillaume: "Am Endeffekt ass den Test vum Multilateralismus net wéi vill Resolutioune mir adoptéieren oder wei vill Reunioune mir halen. Et geet drëms, ob e Kand méi Sécherheet huet wéinst eisen Decisiounen, ob eng jonk Persoun eng Educatioun ka kréien an eng Famill an Dignitéit ka liewen, an ob e klengt Land gleewe kann, datt dat internationaalt Recht et beschützt, wann d'Muecht eleng dat net mécht. Dofir ass d'Vertrauen esou wichteg, an dofir wäert Lëtzebuerg weiderhin de Multilateralismus verdeedegen. Well mir wësse wat geschitt, wann de System net funktionéiert."
Nach eemol de Grand-Duc: "Et war ganz emotional. Et ass déi éischte Kéier nom Trounwiessel dass ech hei zu New York op der internationaler Bün stinn, déi natierlech ganz impressionant ass. Et ass eng grouss Responsabilitéit an dat hunn ech och esou gespuert, well et adresséiert een d'Welt. Et ass een d'Stëmm fir Lëtzebuerg an dofir war et enger Säit eng grouss Responsabilitéit, mä et war och natierlech fir mech eng grouss Éier."
Duerno bleift nach Zäit fir eng spontan Renconter mam neien hollännesche Premier an eng geplangte Reunioun mam President vun der Mongolei. Et feiert ee 50 Joer diplomatesch Relatioune mam Land.
Et ass eng Assemblée Générale déi, wéi konnt et anescht sinn, vum Donald Trump awer gepräägt ass. Mä och vun den Absencen: Russland, China, Süd-Afrika an och Däitschland, si net um héchsten Niveau vertrueden. Dat stellt eng Institutioun wéi d'UNO déi schonn ënner Drock steet, nach weider a Fro, mengt de Philip Crowther.