Corona-Mesurë wéi JuddeverfolgungRepublikanerin Majorie Taylor Greene entschëllegt sech fir de Verglach

RTL Lëtzebuerg
Nodeems si den Holocaust-Musée zu Washington besicht huet, huet d'Member vum US-Kongress sech fir hir Ausso entschëllegt.

Et géif kee Verglach fir den Holocaust ginn, esou d’Taylor Greene. Si weess, datt déi Wierder a Bemierkungen, déi si gemaach huet, beleidegend sinn an dofir wëll si sech entschëllegen.

Un hirer Kritik un de Coronamesuren an deen an hiren Aen “Impfzwang” an den USA hält si weider fest. “Ech fannen, datt Zwangsmasken an Zwangsimpfunge oder Impfpäss eng Aart vun Diskriminéierung sinn an ech si géint déi Aart vun Diskriminéierung”. Ënner anerem hat d’Greene de geplangten Impflogo, deen op d’Schëlder, wou den Numm vun de Mataarbechter vun engem Supermarché dropsteet, kéint kommen, mam Juddestär verglach.

Hir Vergläich, déi si ëmmer nees tëscht der Pandemie an de Verbrieche vun den Nazie gezunn huet, hat och an hirer eegener Partei fir Kapprësele gesuergt. Weider ass si eng bekennend Qanon-Sympathisantin a gleeft, datt den Donald Trump probéiert huet, de systematesche Kannermëssbrauch duerch satanesch Politiker bei den US-Demokraten opzedecken.

Back to Top
CIM LOGO