Festnamen a Perquisitiounen duerch EuropolReseau, dee Migrante a Groussbritannie geschleist huet, gouf opgedeckt

RTL Lëtzebuerg
Den Enquêteuren no war de kriminelle Reseau an op d'mannst 17 Länner aktiv.
Europol
© afp

Bei enger concertéierter Aktioun vun der Police an Éisträich, Italien, Spuenien a Groussbritannien sinn en Dënschdeg sechs Leit festgeholl, 10 Wunnengen duerchsicht an eng sëllegen Dokumenter saiséiert ginn.

Am Viséier stoung e ganze Reseau, dee Migrante aus der Europäescher Unioun a Groussbritannien soll geschleist hunn. De Gros vun de Migranten ass legal mat Touriste-Visaen an d‘EU erakomm. Duerno hunn d‘Leit hir original Dokumenter duerch gefälschten Dokumenter ersat.

Den Enquêteuren no war de kriminelle Reseau an op d‘mannst 17 Länner aktiv.

Back to Top
CIM LOGO