
De russeschen Ambassadeur an den USA, den Alexander Darchiew, ass am Alter vu 66 Joer plëtzlech verscheet. Dat deelt de russeschen Ausseministère mat. Zu der Ursaach vum Doud goufe bis ewell keng Detailer genannt.
"Den Alexander Darchiew huet säin Déngscht an engem vun den usprochsvollste Beräicher vun der russescher Aussepolitik geleescht", ass am Statement ze liesen. Weider huet den Ausseministère der Famill an de Frënn vum Darchiew hiert déift Bäileed ausgeschwat.
Den Darchiew war en erfuerenen Diplomat, dee fir seng schaarf Kritik um Weste bekannt war. Zanter Mäerz 2025 war hie Botschafter an den USA. Wärend senger Amtszäit si sech d'USA a Russland nees méi no komm, dat nodeem den US-President Donald Trump bilateral Gespréicher mat Moskau opgeholl an d'US-Ënnerstëtzung fir d'Ukrain limitéiert hat.