Zanter dem fréie Mëttwochmoie blockéieren Demonstranten op ville Plaze Stroossen an och viru Logistikzenteren a Fabricke gëtt gestreikt. Donieft huet den éischte Generalstreik a Spuenien zanter 2012 zu erhiefleche Stéierungen am ëffentlechen Trafic gesuergt.
Zu Barcelona si Metroen a Busser moies nëmmen am Noutbetrib gefuer, am spéiden Nomëtteg gouf de Betrib komplett gestoppt. Zu Madrid hunn Demonstranten eng Blockad op enger wichteger Zoufaartsstrooss opgestallt. Déi meescht Butteker an der Haaptstad waren op an d'Metro hei war bal wéi gewinnt gefuer.
D'Gewerkschaft CCOO huet vun enger "immens héijer" Bedeelegung um Streik Secteure mat Schichtaarbecht geschwat. De Syndikat UGT huet erkläert, datt et eng oneenheeltech Mobiliséierung ginn hätt. A verschidde Secteuren a Regioune wier se héich gewiescht, op anere Plazen éischter geréng. Den Aarbechterverband CEOE huet vun enger allgemeng niddreger Bedeelegung geschwat.
D'Logementskris ass zanter Joren ee vun de gréisste Problemer a Spuenien. Nieft méi héije Paie gëtt ënnert anerem de Bau vun 1,5 Millioune Sozialwunnengen an den nächste Jore gefuerdert. Donieft gëtt e Verbuet vun Zwangsexpulsioune fir vulnerabel Locataire gefuerdert.
D'Zwangsexpulsioun vun der 87 Joer ale Maricarmen Abascal, déi zanter iwwer siwe Joerzéngten an hirer Wunneng zu Madrid gelieft huet, hat am September d'Debatt ëm bezuelbar Loyeren op en Neits lancéiert. E Sträit ëm Mesuren, déi vun der Regierung fir méi Schutz vu Locatairë proposéiert goufen, huet schlussendlech dozou gefouert, datt de Regierungschef Pedro Sánchez Neiwale fir den 29. November ausgeruff huet.
De Sánchez, deen zanter 2018 un der Spëtzt vum Land steet, ënnerstëtzt d'Protester, och wann him vun den Demonstrante virgeworf gëtt, d'Kris an de leschte Joren ignoréiert ze hunn. De Chef vun der konservativer Vollekspartei Alberto Núnez Feijoo, deen an de meeschten Ëmfroe fir d'Parlamentswal vir läit, hat de Generalstreik dogéint als "uerge Feeler" bezeechent an op dat schlëmmt Zuchongléck südlech vu Madrid mat 69 Doudegen Enn Oktober verwisen.