Invité vun der Redaktioun (11. November)Buergermeeschtere Monique Hermes (Maacher) a Jérôme Laurent (Mäertert-Waasserbëlleg)

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moien ass XX Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Projet schleeft elo schonn 20 Joer ma nach ni waren d'Ausbaupläng vun Tanklux am Mäerter Hafen sou wäit fortgeschratt wéi elo. D'Bedreiwerfirma vun den Tanklager argumentéiert all d'Virschrëften z'erfëllen, ma de Widderstand vun den Nopeschgemenge Maacher a Mäertert-Waasserbëlleg bleift ongebrach. Allebéid hu se schonn e Recours annoncéiert a bis Enn des Mounts leeft eng nei Ënnerschrëften-Aktioun géint de geplangten Ausbau. Wat erwaarde sech déi Gemengeresponsabel konkret nach dovunner? Wéi eng Handhab hu si iwwerhaapt? A firwat wiere si sech sou vehement géint déi zousätzlech Tanken?

Dat froe mer e Mëttwoch de Moien d'Maacher Buergermeeschtesch Monique Hermes vun der CSV an den LSAP-Buergermeeschter vu Mäertert-Waasserbëlleg Jérôme Laurent um 8 Auer. Si sinn allen Zwee eis “Invitéen vun der Redaktioun”.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO