Appell vum Bommeleeër-bis-ProzessZwou Parallelwelten treffen openeen

Marc Hoscheid
Den Affekot vum Aloyse Harpes gesäit guer keng Behënnerung vun der Justiz, d'Vertrieder vun der Partie civile witteren ee Komplott.
© Marc Hoscheid

En Dënschdeg war de fënneften an zweetleschten Dag am sougenannte Bommeleeër-bis-Prozess. Lo wou d'Plädoyeren op een Enn kommen, krut een nawell zwou komplett ënnerschiddlech Vuen op déi ganz Affär ze héieren.

Fir d'éischt war et um Maître André Harpes. Deen huet wärend bal zwou Stonnen erkläert, firwat ee sengem Mandant, dem fréiere Gendarmerie-Kommandant Aloyse Harpes, deen niewebäi nach säi Papp ass, net virwerfe kéint, datt hien d'Sich no de Bommeleeër behënnert oder am eigentleche Bommeleeërprozess Falschaussoe gemaach huet.

Zweetleschten Dag am Appell vum Bommeleeër-bis-Prozess / Rep. Marc Hoscheid

Den Aloyse Harpes hätt de Grupp vun den Enquêteuren opgestockt an hien hätt dësen zu kengem Moment verbueden, mam Untersuchungsriichter zesummenzeschaffen. Et géing keng konkreet Beweiser fir eng "Mauvaise foi" vum Colonel Harpes ginn. Datt hien net weider iwwert d'Observatioun vum Ben Geiben gewosst hätt, wier och normal, ëmmerhin hätt säin Adjoint Charel Bourg de Geheimdéngscht kontaktéiert. Interessant war nach d'Ausso, datt den Aloyse Harpes mat senge mëttlerweil 98 Joer ee vun den eelsten Ugekloten an Europa wier, an deenen anere Fäll géing et ëmmer ëm Affären aus der Nazi-Zäit goen.

Wärend der leschter Stonn war et un den Affekote vum Marc Scheer a Jos Wilmes, déi am Prozess als Partie civile optrieden. De Maître Max Lehnen an de Maître Thierry Hirsch hu gemengt, et wier net nozevollzéien, datt déi véier Beschëllegt - nieft dem Aloyse Harpes sinn dat de Pierre Reuland, den Armand Schockweiler an de Guy Stebens - sech am Bommeleeër-Prozess net méi rosen oder frustréiert doriwwer gewisen hätten, datt déi Schëlleg ni fonnt goufen.

Virop de Pierre Reuland gouf dobäi an d'Viséier geholl. Dësen hätt spéider méi wéi eng Kéier gesot, datt et méi interessant Dossiere wéi dee vum Bommeleeër géing ginn an drop verwisen, datt ee bei der Enquête just bis zu engem gewësse Punkt komme géing. Dat well Leit wäit uewen aus der Hierarchie hannert den Attentater stoe géingen. De Maître Thierry Hirsch huet d'Fro an de Raum geworf, ob domadder de fréiere Kommandant vun der Lëtzebuerger Arméi Armand Bruck gemengt gewiescht kéint sinn.

Opfälleg war dann, datt de Pierre Reuland wärend den Ausféierunge vun der Partie civile ee Krack méi onroueg gewierkt huet wéi am Ufank. Ob dat un den Aussoen oder awer vläicht einfach u sengem Stull louch, ass allerdéngs net gewosst.

En Donneschdeg wäert déi zweet Versioun vum Bommeleeër-bis-Prozess op een Enn kommen. Dann ass et nach eng Kéier un den Affekote vun der Partie civile an um Vertrieder vum Parquet.

Back to Top
CIM LOGO