
A Kenia ass de leschten Ebola-Patient gesond heemgeschéckt ginn. Donieft wieren eelef Kontaktpersounen no 21 Deeg aus der Quarantän entlooss ginn, heescht et e Mëttwoch vum Gesondheetsministère zu Nairobi. Domat fänkt eng Frist vun 42 Deeg un: Wa bannent där Zäit keen neie Fall optrëtt, gëllt Kenia der Weltgesondheetsorganisatioun no offiziell nees als Ebola-fräi.
Kenia hat de 6. Oktober en éischten Ebola-Fall registréiert, e Kenianer, deen aus der Demokratescher Republik Kongo ugereest war. Am Ganze gouf et a Kenia néng Ebola-Fäll, déi all mam éischten Infizéierten a Kontakt waren. Zwee Leit sinn un der Infektioun gestuerwen.
Den aktuellen Ebola-Ausbroch an Afrika war Mëtt Mee an der Demokratescher Republik Kongo registréiert ginn. Experte ginn awer dovun aus, datt sech de Virus virdru schonn e puer Méint laang onentdeckt ausgebreet hat. Antëscht ass et déi schlëmmst Ebola-Epidemie an der Geschicht vum zentralafrikanesche Land. E Mëttwoch huet den nationale Gesondheetsinstitut gemellt, datt d'Zuel vun den Infizéierten op méi wéi 11.000 geklomme wier. Méi wéi 5.300 Leit si gestuerwen.
Och an Nigeria an Uganda goufen am Kader vun der aktueller Epidemie Infektiounen nogewisen.