No Néierlag bei Sträit ëm BréifwalUS-President Trump kritiséiert Supreme Court schaarf

AFP, iwwersat vun RTL
Manner wéi zwee Méint virun den US-Kongresswalen huet de Supreme Court e Méindeg dem Trump seng Pläng fir eng ageschränkte Bréifwal duerchkräizt.
© GEORGE FREY/AFP

Den US-President Donald Trump schéisst no senger Néierlag am Sträit ëm d'Bréifwal am Land schaarf géint de Supreme Court, dat héchst Geriicht an den USA. D'Riichter hätten e "schrecklecht, héich politescht Urteel" geholl, erkläert den Donald Trump en Dënschdeg op senger Online-Plattform Truth Social. "De Supreme Court huet eist Land wierklech am Stach gelooss", sou den Trump weider.

Manner wéi zwee Méint virun den US-Kongresswalen huet de Supreme Court e Méindeg dem Trump seng Pläng fir eng ageschränkte Bréifwal duerchkräizt. De President hat d'Ofstëmmung per Post als "Bedruch" bezeechent, déi den Demokrate géif zegutt kommen. De Supreme Court dogéint huet d'Bréifwal awer als zoulässeg erkläert.

Weider schreift den Trump op Truth Social: "Dëse Supreme Court gëtt vun der radikaler lénker Stréimung drangsaléiert an iwwerriet, Decisiounen ze huelen, déi Amerika op d'mannst honnert Joer zeréckgehäit hunn". Hie verweist dobäi op rezent Decisioune vun de Riichter. De Supreme Court hat dëst Joer souwuel de groussen Deel vum Trump sengen Taxen als illegal erkläert, wéi och säi Plang, d'Staatsbiergerschaft per Gebuert anzeschränken.

D'Kongresswalen den 3. November markéieren d'Hallschent vum Trump senger Amtszäit als US-President a gëllen als bis ewell wichtegste Stëmmungstest fir den 80 Joer alen Donald Trump. Fir seng Republikaner kéint et am Representantenhaus zu enger Néierlag kommen, am Senat kéint et op e Gläichstand erauslafen. Sollten d'Demokrate gewannen, wëlle se eng ganz Partie Projete vum President blockéieren. Theoretesch kéinten d'Demokraten dann och eng weider Prozedur, fir den Trump vu sengem Amt ze enthiewen, an d'Weeër leeden.

Back to Top
CIM LOGO