
China huet den US-Mediebericht zeréckgewisen an deem et heescht, dass dräi Wëssenschaftler vum Institut fir Virologie zu Wuhan schonn am November 2019 mat Covid-Symptomer hospitaliséiert gi wieren.
De “Wall Street Journal” hat des Nouvelle publizéiert an sech dofir op e Rapport vum US-Geheimdéngscht beruff.
Dat wier eng “komplett Ligen”, zitéiert déi chineesesch Staatszeitung “Global Times” de Chef vum Institut zu Wuhan.
Am Artikel vum “Wall Street Journal” ass ze liesen, dass Mataarbechter vum Institut am November 2019 schonn esou schwéier erkrankt waren, dass si an engem Spidol hu misse behandelt ginn.
Schonn an de leschten Amtsdeeg vum deemolegen US-President Trump hat d’Regierung zu Washington en Dokument virgeluecht, an deem behaapt gouf, dass eng Rei Fuerscher zu Wuhan am Hierscht 2019 Symptomer hätten, déi souwuel mat Covid19, wéi awer och mat heefege saisonalen Erkrankunge kéinten zesummenhänken.
Wärend d’Trump-Regierung op déi Theorie insistéiert huet, dass d’Pandemie am Institut zu Wuhan säin Ursprong huet, huet dem Biden seng Administratioun weider Analyse gefuerdert.
D’Weltgesondheetsorganisatioun war am Mäerz nach an enger Etüd op d’Konklusioun komm, dass de Coronavirus a Flantermais a Pangolinen säin Ursprong kéint hunn.
D’Theorie, dass de Virus aus engem Laboratoire kéint kommen, huet d’WHO als “extrem onwarscheinlech” bezeechent.
Eng Ausso, déi elo mam Rapport vum US-Geheimdéngscht nees a Fro gestallt gëtt.