Loftalarm a Saudi-ArabienSchwaarzen Damp iwwer internationalem Fluchhafe vu Riad

RTL Lëtzebuerg
Aenzeien soten den Noriichtenagence géintiwwer och, si hätten zwou Explosiounen an der Géigend vun deem Fluchhafen héieren.
AFP no stoung e Brennstofflager um Fluchhafe a Flamen.
© -/AFP

Bis ewell hunn d'saudesch Autoritéiten sech zu deem Incident net geäussert. Rezent hat d'Kinnekräich awer matgedeelt, scho méi dacks Dronen vun der jemenittescher Huthi-Miliz ofgefaangen ze hunn.

Zanter, dass d'Huthi de Mierespassage Bab al-Mandeb ënner hir Kontroll bruecht hunn, ginn et ëmmer nees géigesäiteg Attacken tëscht der Miliz a Saudi-Arabien.

Back to Top
CIM LOGO