Mam Modernized Global Trade Agreement wäerte Mexiko an d’EU méi no zesummeréckelen. Nieft dem Ofbau vun Importtaxen an der Vereinfachung vun administrativen Demarchë bei Export an Import, solle béid Säite mam neien Accord och bei Ëmweltschutz, Nohaltegkeet, Aarbechtsrechter a Gläichbehandlung op der Aarbechtsplaz méi enk matenee kooperéieren. Béid Länner hätte gemeinsam Wäerter, eng gemeinsam Visioun a géinge virun den nämmlechten Erausfuerderunge stoen, sou den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen bei senger Visitt a Mexiko am Kader vun enger EU-Agrifood-Missioun.
Et géing drëms, der Welt ze weisen, dass Normen a Reegelen nach ëmmer relevant sinn, ënnersträicht d'Cheffin vun der EU-Delegatioun a Mexiko Belén Martínez Carbonell:
"Mir wëllen der Welt weisen, dass et nach ëmmer Opportunitéite gëtt fir Länner, déi fir Kooperatioun an de Respekt vum Gesetz a vun internationalen Normen astinn. Wéi zum Beispill de Reegele vun der WTO, no deenen och eisen Handel mat Mexiko funktionéiert. De Message ass och, dass mir bei ville politesche Sujeten a Froen iwwer Wäerter mat Mexiko op enger Linn leien."
Mexiko wier eng wirtschaftlech a geopolitesch Dréischeif, déi eng Säit um Atlantik an déi aner um Pazifik geleeën, gëtt den EU-Kommissär fir d'Landwirtschaft an deem Kontext ze bedenken. Mexiko wier als Transitland och e wichtegen Acteur, wann et ëm d'Migratioun aus Süd- an Zentralamerika a Richtung Norde geet. Schliisslech wier d'Land a Sécherheetsfroen e staarke Partner, op deen ee misst zielen. D'Land géif bei den zentralen Ofstëmmungen op internationalem Niveau op der richteger Säit stoen. Dass et bei der Artikulatioun vun der eegener Positioun dacks méi zeréckhalend géif agéieren, géif doru leien, dass et den Drock vum groussen nërdlechen Noper géing spieren, wat zu enger gewësser diplomatescher Virsiicht géing féieren.
D'USA, den traditionelle Verdeedeger vun enger reegelbaséierter, internationaler Uerdnung, hunn ënnert dem Donald Trump jo en anere Wee ageschloen. Amplaz vun Normen a Fräihandel gëtt elo mat Stroftaxe gedreet. Ënnert dëse Konditioune kéint de moderniséierten Handelsaccord mat der EU Mexiko hëllefen, aus der ekonomescher Ofhängegkeet vun den USA rauszekommen, sou de Christophe Hansen:
"Si si sech bewosst, eleng op d'Amerikaner sech ze verloossen, dat ass am Moment net dee sécherste Wee. An dat heiten ass eng méi stabel Relatioun, déi mer etabléiert hunn, wou mer och als gläichberechtegt Partner um Dësch sëtzen, an net mat engem, dee vun uewen erofkuckt a vun uewe mam Hummer dropschléit."
Ob ee vun den USA no der Victoire vun den Demokrate bei de Midterms e méi moderaten aussepolitesche Cours kéint erwaarden, géing ofzewaarde bleiwen. De Christophe Hansen gëtt an deem Kontext ze bedenken, dass ee misst kucken, wéi exzessiv den US-President, deen nach ronn zwee Joer am Amt wäert sinn, vu sengem Vetorecht wäert Gebrauch maachen. Trotzdeem wier et e staarkt Zeechen, dass déi zwee wichtegst Handelspartner vun den USA – Kanada a Mexiko – versiche géingen, méi no un Europa erunzerécken:
"Well se och do gesinn, dass se méi fiabel Relatiounen hunn. Dat ass och fir si e gutt Drockmëttel anerersäits. Ech mengen, si wëllen aus där Vulnerabilitéit vun där Ofhängegkeet erauskommen, och wann se déi net komplett mat eis kënne léisen, mee trotzdeem, mengen ech, ass et e ganz staarkt Zeechen."
Den Donald Trump stéing iwwerdeems aktuell innepolitesch wéinst de Präishausse bei Liewensmëttel, Energie an Düngemëttel ënner Drock. Eleng duerch Menacen an Drock géigeniwwer anere Länner kréich hien dës Erausfuerderunge kaum gemeeschtert. An deem Kontext wier et un Europa, sech kloer ze positionéieren, an ze weisen, dass ee fir de Multilateralismus asteet. Et wéilt een op gläichem Niveau mat sengen Handelspartner schwätzen an net vun uewen erof.